Cäciliefeier mat Banquet zu Rodange

Déi 2 Choralen "Sänger vun der Bich" a "Ste. Cécile" vu Rodange, hun et sech zuer Éier vun hierer Patréinech, der helleger Cecile, de 26. November am Restaurant

"Le Gourmet" bei engem gemittleche Mëttegiessen, begleet vun engem sëffige Patt, gutt goe gelooss. Bei däer Gelleeënheet sinn och Auszeechnungen vun der UGDA, vertrueden duerch 2 sympatech Damen. u verschidden Memberen verdeelt ginn:

Melle Yasmina Van Assel: Insigne (5 Joer)

Melle Cassandra Köhler: Médaille de mérite en vermeil (10 Joer)

Mr Jean Feiereisen: Médaille de mérite en argent (20 Joer)

Mr Daniel Köhler: Médaille de mérite en argent (20 Joer)

Mme Liliane Damé-Allard: Médaille de Mérite en vermeil (30 Joer)

No epuer flotte Stonnen an enger lëchteger Gesellschaft waren d'Sängerinnen an d'Sänger nees gerëscht fier ee weidert Joer hieren Dingscht an der Kierch an dobausse bei de verschiddene Fester ze maachen.