Randonnée avec quiz vum Syndicat d'Initiative Rodange

De 6. Mee hat de Syndicat d'Initiative Rodange eng kleng Randonnée mat Quiz rondrëm Rodange a Lamadelaine organiséiert. Eng ronn 35 Leit hun op 3 bestëmmte Plaatze versicht op déi verschidde Froen iwwer d'Geschicht an de Patrimoine vun der Ëmgéigend ze äntwerten. Bei sou vill Ustrengung huet ee sech dann och op enger Terrasse am Fond de Gras erholl. Déi zweet Halschend vun der Randonnée ass deene Meeschte duerch déi gutt Stëmmung a Gelaachs vill ze kuerz virkomm!