Syndicat d'Initiative Rodange / www.sirodange.com

Bei engem gudden Iessen, an enger lëschteger Gesellschaft, ass gëschter Owend am Restaurant Da Leoni zu Nidderkuer d'Enn vun italiéinichen Sproochcoursen gefeiert ginn.

Dës Coursen bestinn scho 17 Joer, si vum Syndicat d'Initiative de Rodange organiséiert a ginn vunn der Madame Claudia Fanelli geleet.

Den Häer Spadafora, collaborateur culturel op der italiénicher Embassade zu Lëtzebuerg, huet matt Freed d'Diplomer un déi 32 houfreg Elèven vu 4 Sproochniveauen iwwerreecht.

Alleguer freeë si sech dropp wann am Oktober déi nei Coursen nees ufänken.

JF