Dag am Bësch

De 6. Mee 2018, hat d’Ëmweltkommissioun zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung, verschiddene Veräiner , der Gemeng Réiser an der Ëmweltkommissioun aus der Gemeng Fréiseng op hiren Dag am Bësch invitéiert. Och dëst Joer hate regionale Produzenten a Verkeefer d’Méiglechkeet fir hir Produkter un de Mann an d’Fra ze bréngen; 7 Stänn hunn op dëser drëtter Editioun vum Maart Deel geholl.

Nieft dem Maart, waren och flott Stänn ronderëm d’Thema „De Bësch am Laf vun de Joerhonnerten“ organiséiert ginn.

D’Natur- a Bëschverwaltung hat direkt eng ganz Rëtsch u Stänn organiséiert. Esou haten si e Stand mat Déieren, wou ee méi iwwert d’Juegd gewuer ginn ass. Dës Weideren, hunn si de Leit gewisen, wéi fréier am Bësch geschafft ginn ass, wéi d’Holz zu Miwwele weider verschafft ginn ass a wéi fréier Kuele gemaach gi sinn. Als Highlight konnt een un Grëffer, déi ronderëm de Stamm festgemaach waren e Bam erop klammen.

Dëst Joer war och Natur&Ëmwelt erëm derbäi. Op engem kruten d’Leit eng Meebowle ze schmaachen an Erklärungen zu Kraider, déi am Bësch wuessen.

D’Gemeng Réiser huet och vum Dag am Bësch profitéiert an huet op engem Stand d’Visiteuren iwwert hir Ëmweltpolitik an hir Aktiounen an deem Beräich informéiert. D’Gemeng Réiser hat och deen Dag d’ASTM invitéiert, déi op hirem Stand de Projet ARFA am Burkina Faso, de vun der Gemeng ënnerstëtzt gëtt, presentéiert hunn.

Vue dat dësen Dag am Zeeche vun der Nohaltegkeet stoung, gouf och vill Wäert op Fairtrade-Produkter geluecht a Produkter, déi aus der Regioun kommen.

Bei guddem Wieder, war den Dag am Bësch 2018 immens gutt besicht a mir wëllen alle Leit op dëser Plaz Merci soen, déi zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn.