Déi éischt Kiermes zu Réiser: E risege Succès fir Grouss a Kleng
um weitere Bilder zu sehen.
De Weekend vum 3. a 4. Oktober, Weekend vun der Kiermes St. Remi, huet déi éischt Editioun vun der Kiermes zu Réiser, organiséiert vun der Gemeng Réiser an Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner, stattfonnt. An et war e vollen Erfolleg! Bei perfektem Wieder a mat immens ville Visiteuren iwwer déi zwee Deeg gouf de Site zu engem liewegen Treffpunkt fir Familljen, Frënn a Leit aus der ganzer Gemeng a ronderëm.
Nodeems fréier ëmmer eng Kiermes um Parking zu Réiser stattfonnt huet, huet dës nei Editioun d’Geleeënheet gebueden, dës Traditioun nees opzegräifen an nei opliewen ze loossen.
Samschdes gouf d’Kiermes offiziell mam traditionellen Hämmelsmarsch ageweit. Ausserdeem stoungen Zaubershows a musikalesch Optrëtter vun der Réiser Musek an der Chorale Roeser-Crauthem um Programm. Sonndes huet de Georges Christen mat senger Power Show fir spektakulär Momenter gesuergt. Iwwer déi zwee Deeg konnten d’Visiteuren eng Villfalt un Aktivitéiten entdecken. Mam Tasekarussell, Intefëschen, Douse schéissen, Trampolin, Holzspiller a sou weider war fir vill Spaass a gutt Laun gesuergt.
Natierlech koum och d’kulinaresch Säit net ze kuerz: Vu Gegrills, Fritten an Zopp iwwer Gaufre mat Quetschekraut oder Häerzwaffele bis hin zu Schockelasuebst, Popcorn a gebrannte Nëss war fir all Goût eppes dobäi.
D’Kiermes huet gewisen, wéi flott et ass, wann d’Leit aus der Gemeng zesummekommen, fir gemeinsam e puer geselleg Stonnen ze verbréngen. E grousse Merci geet un all d’Veräiner an d’Benevollen, déi mat hirem Asaz an Engagement dëse gelongene Weekend méiglech gemaach hunn.