Geeschterlaf zu Krautem

E Samschdeg, de 27. Oktober 2018 hat de Spiridon 08 Lëtzebuerg zesumme mat der Réiser Gemeng, der Sport- a Kulturkommissioun an dem Fit Réiser eng drëtte Kéier de Geeschterlaf organiséiert.


Gelaf goufen deen Dag am Ganzen 3 Coursen. Um kuerz viru 4 Auer hu sech 88 Kanner op de Kids Run gemaach, engem Laf iwwert 1 Kilometer.


Um 4 Auer hunn sech 84 Leefer a Leeferinnen op de Parcours vu 4 Kilometer an 295 Leefer a Leeferinnen op de Parcours vun 10 Kilometer gemaach.


Bei lëftegem Hierschtwieder ass de Parcours zu Krautem hannert der Sportshal fortgaangen, d’Weilerstrooss erop an duerch de Krautemer Bësch. No gutt 2 Kilometer hunn sech d’Weeër getrennt an d’Leefer vun de 4 Kilometer sinn iwwert de Feldwee erëm zeréck a Richtung Krautem gelaf. D’Leefer vun den 10 Kilometer si weider duerch de Bësch gelaf, laanscht Herschesfeld, wou och de Rock a Field ass, a sinn dunn och iwwert de Feldwee a Richtung Krautem gelaf.


D’Arrivée war zu Krautem am Schoulhaff, wou sech bei den Hären den André Wilhelms a bei den Dammen d’Emilie Barberon op de 4 Kilometer, an den Ghebreslasie Merhawi an d’Jessica Schaaf sech op den 10 Kilometer konnten duerchsetzen.


Mir wëllen op dëser Plaz jidderengem Merci soen, deen zum Erfolleg vum Geeschterlaf bäi gedroen huet; all de Leefer a Leeferinnen, dem Spiridon 08 Lëtzebuerg, der Sport- a Kulturkommissioun, de Mataarbechter vun der Réiser Gemeng, de Réiserbänner Pompjeeën an dem Fit Réiser. E besonnesche Merci geet un all d’Awunner, déi laanscht d’Streck wunne fir hiert Versteesdemech dat den Zougang zu hire Stroossen während der Course limitéiert war.


No enger gelongener éischter Oplag vum Geeschterlaf, steet enger 4. Editioun näischt am Wee.