Dag am Bësch

De 12. Mee 2019, hat d’Ëmweltkommissioun zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung, verschiddene Veräiner , der Gemeng Réiser an der Ëmweltkommissioun aus der Gemeng Fréiseng op hiren Dag am Bësch invitéiert. Och dëst Joer hate regionale Produzenten a Verkeefer d’Méiglechkeet fir hir Produkter un de Mann an d’Fra ze bréngen; 7 Stänn hunn op dëser véierter Editioun vum Maart Deel geholl.

Nieft dem Maart, waren och flott Stänn ronderëm d’Thema „De Bësch als Sauerstoffproduzent an Holzliwwerant“ organiséiert ginn.

D’Natur- a Bëschverwaltung hat direkt eng ganz Rëtsch u Stänn organiséiert. Esou haten si e Stand, wou si de Leit gewisen hunn, wéi am Bësch geschafft gëtt a wéi d’Holz zu Miwwele weider verschafft gëtt.

Dëst Joer war och Natur&Ëmwelt erëm derbäi. Op engem kruten d’Leit eng Meebowle ze schmaachen an Erklärungen zu Vullen déi am Bësch liewen.

Den Aarbechtsgrupp, deen d’Visitt vun de Kolla Indios aus Argentinien preparéiert huet op engem Stand iwwert dësen ongewéinleche Partenariat informéiert.

Vue dat dësen Dag am Zeeche vun der Nohaltegkeet stoung, gouf och vill Wäert op Fairtrade-Produkter geluecht a Produkter, déi aus der Regioun kommen.

Bei guddem Wieder, war den Dag am Bësch 2019 immens gutt besicht a mir wëllen alle Leit op dëser Plaz Merci soen, déi zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn.