De Gast an de Raym siichen en Doheem


Salut, ech heeschen Gaston a mäi Brudder ass den Raymond. Mir siichen zesummen e neit Doheem. Den Raymond ass méi schei wéi ech a geet dofir net eraus. Mee ech brauch schonn meng Trëppeltier dobaussen. Mir verdroen ons mat feinen Katzen a siichen en rouhegt Doheem. Mir sinn 6 Joer jonk, kastréiert, ge'impft a gechipt. Wann dir ons känneléiere wëllt, kontaktéiert Amiavy ënnert der N.: 621743773, merci äre Gast & Raym