Am Cipa Blannenheem könnt den héichen Alter bei der fête du grand âge zu Éieren


Kadoen bei der „fête du grand âge“ fir d‘Jubilaren

Rollingen/Miersch: Am CIPA Blannenheem vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Rollingen/Miersch koumen d’Jubilaren, déi an de Méint Januar bis Juni, e ronne Geburtsdag feiere konnten, am Kader vun enger „journée du grand âge“ ganz besonnesch zu Éieren. Noodeems dat den hauseegenen Chouer „Doremi“ ¨mam Ady Mootz op dem Keyboard e puer einheimisch a bekannt Lieder virgedroen hun, war et um Schëffen Heng Krier, allen Geburtsdagskanner am Numm vun der Gemeng Miersch och ganz haerzlich ze gratuléieren a weiderhin Gesondheet an Zefriddenheet zu wënschen. A senger Ried ass hien och op Bestriewungen an op di zukünftig Projeten a Verbesserungen an der Gemeng agaangen, wou och de Senioren Rechnung soll gedroen gin fir hinnen hirt d’Liewen an der Stadt Miersch esou angenehm an esou sëcher wi méiglich ze gestalten. Duerno war et Directrice , Carole Theisen, fir déi et och eng besonnesch Éier war, d’Gratulatiounen vum Haus ze iwerbrëngen an duerch de Service REAktiv jidderengem e klenge Kado als Unerkennung können ze iwerreechen. Nom Opschneiden vum Gebuertsdagskuch, den jiddereen sech mat engem Glas Crémant och gut schmaache geloos huet, war et um Entertainer Jeannot Conter, fir mat flotter Stëmmungsmusik wärend e puer Stonnen fir di néidig Ënnerhaalung a flotter Ambiance ze suergen. Gebuertdagskanner waren: Elise Toisul- Lamesch (100 Joer; Albertine Ries-Pieret (85), Théophile Joseph Wantz (95), Justine Hess- Frauenberg an Jos Beck – Majerus (85), Maria Grober-Paciotti (103) an Christophe Klein (90). (CR) (Foto: Charles Reiser)