Rolling/Miersch: Gut gelaunt a mat dem néidegen Humor konnt d'Marie Reiter- Biewer , dei zënter dem 18. Februar 2011 hieren Liewensowend am Cipa - Blannenheem verbréngt, op stolz 100 Liewensjoren zeréck kucken. Op den Dag genau ass d'Jubilarin och am Kader vun enger schéiner Feier am Cipa- Blannenheem gebührend gefeiert ginn. Et war fir Madame Carole Theisen, Direktorin a Presenz vum Generaldirekter Pierre -Jean Oger an der Presidentin vum Verwaltungsrot, Marianne Brosius - Kolber eng besonnesch Freed fir dem Marie Reiter- Biewer zu hirem ronne Gebuertsdag di allerbescht Wënsch am Numm vum Haus iwwerbréngen ze dierfen. D'Marie Biewer ass den 28. September 1926 als dat jëngst vun zwee Kanner vum Jacques Biewer a Anna Schweiyen zu Buurschent op d'Welt komm. Nodeems si zu Ettelbréck am st. Anne d'Haushaltungsschoul gemaach hat, huet d'Marie Biewer bei hirem Papp am Stoot , de Verwalter op der Tschideschmille bei Dikrich war, geschafft. Den 9. November 1946 huet si sech mam Nic Reiter vu Moestroff bestuet a sinn duerno am Joer 1953 op Beringen/Miersch geplënnert. Aus hirem Bestiednis si 4 Jongen erviergaangen. Haut ziele 5 Enkel- a siwen Urenkelkanner zum Stolz vun der Famill Reiter- Biewer. Leider ass hire léiwe Mann Nic den 6. Juni 2008 verstuerwen. Elo gëtt d'Jubilarin scho 15 Joer am Cipa- Blannenheem mit vill Léiwt a Kompetenz versuergt wou si sech och wuelfillt. Ganz iwerrascht vum Besuch vum Max Hahn, als Familljeminister war d'Marie Reiter- Biewer dee mat Kadoen a Blummen komm war fir dem Gebuertsdagskand am Numm vum Groossherzog an der Regierung och häerzlech ze gratuléieren. Mam Uspéngelen vum ordre de mérite war d'Jubilarin besonnesch iwwerrascht an huet och duefir a fir Alles, Merci gesoot.. Eng schéi Gebuertsdagskaart mat Blummen vum Personal a vum Haus an och di schéi Blummen vun der Gemeng Miersch hun dem Geburtsdagskand och ganz vill Freed gemaach. Mam Opschneide vum Gebuertsdagskuch ass zesumme mat der Famill d'Glas erhuewe gin op weider schéi Jore geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)