Turelbaacher Senioren spenden de Rëscht fir de gudden Zweck


8 040 Euro fir Tricentenaire an Op der Schock weiderginn

Mäerzeg: Als Amiperas- Sektioun Mäerzeg sinn si am Joer 1980 gegrënnt gin a sinn duerno vum Mäerz 2007 un als Turelbaacher Senioren weider gefuer. Am Ufank war de Senioreveräin vu Mäerzeg mat ville Memberen ganz aktiv, awer mat der Zäit huet Zuel vun de Senioren konstant ofgeholl. Bis nach op e puer, déi et nach bis viru kuurzem gepackt hun an och weidergefuer sin. Viru kuurzem huet den aktuelle President Jules Hirtzig bei der duebeler Scheckiwerreechung erklärt, dat di verbleiwend Memberen unanime averstan waren, fir de Veräin opzeléisen an de Rëscht aus der Veräinskeess fir e gutt Wierk ze spenden. Si wëllen an Zukunft awer als klenge Grupp weiderfueren fir sech regelmässig treffen, fir dann och zesummen e puer schéiner Stonne beim Kaartespill ze verbréngen. Mat hirem oprichtige Merci fir de generéisen Don war et un der Directrice vum "Tricentenaire", Laura Veneziani, déi de Scheck vu 4 020 Euro konnt entgéinthuelen. Fir de Scheck vun 4 020 Euro hun d'Nicole Fisch, Directrice an d'Alice Schroeder, Presidentin vun der asbl "Op der Schock" och häerzlech merci gesot. Noodems dat di verschidden Scheckempfänger hirt jeweiligt Aufgabegebit kuurz virgestallt hun an och matgedeelt hun, wéi di Suen och wirkungsvoll agesaat gin, huet dess kleng Feier a flotter Ambiance hiert würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)