Josette Frank- Bildgen zum 85. Geburtsdag gratuléiert


Réiden/Atert: Zefridden a bei relativ gudder Gesondheet konnt d'Josette Frank- Bildgen , dat zënter dem 7. Juni 2024 säi Liewensowend am Réidener Home pour personnes agées Réiden/Atert verbrëngt, den 85. Gebuertsdag viru kuerzem konnt feieren. Josette Bildgen koum den 7. September 1941 als dat eelst vun zwee Kanner zu Ettelbréck op d'Welt an huet duerno zu Wolwen gewunnt. Hir Elteren, allen zwee vu Kéiber waren de Marcel Bildgen an d'Catherine Olinger. De 27. Juli 1963 huet d'Josette sech mam Niki Frank aus dem Préizerdaul , de bis zu senger Pensioun bei der Lëtzebuerger Eisebunn geschafft huet. bestuet. Zesummen hun di zwee mat hirem eenzege , Jong Marc zu Proz gewunnt. De Pol, hiert eenzegt Enkelkand gehéiert haut och zum Stolz vun der Famill Frank- Bildgen. D'Jubilarin war laang aktive Member an deemoleger lokaler Gaart an Heem- Sektioun awer och nach derbéi an der Amicale vum drëtten Alter Préizerdaul. Leider ass dem Josette säi léiwe Mann, Niki de 6. November 2025 verstuerwen. Mat engem schéine Blummenarrangement war de Buergermeeschter Marc Gergen a Presenz vu senger zwéi Schëffen Enzo Colamonaco a Marc Rehlinger op Réiden komm, fir dem Josette Frank- Bildgen zum 85. Gebuertsdag di allerbescht Gléckwënsch vun der Gemeng Préizerdaul ze iwwerbréngen an der Jubilarin weiderhin nach e gesonden an zefriddenen Liewensowend am Réidener Altersheim ze wënschen. Gratulatiounen deenen sech den Eric Urbain mam Stéphanie Scaccia an der Schwester Benedikta am Numm vun der Direktioun mat schéine Blummen och gären ugeschloss hun. Duerno ass zesumme mat der Famill d'Glas erhuewe gin an op weiderhi schéi Joren geprost ginn, (CR) (Foto: Charles Reiser)