Amicale des Enrolés de Force op Gedenkrees an den Elsass


D'Amicale des Enrôlés de Force Biekerech-Ell-Réiden hat vum 8. op den 10. September op eng Gedenkrees an den Elsass invitéiert. 30 Leit woren dobäi an um Programm stongen enner anerem de KZ Struthof zu Natzwiller, de Mémorial d'Alsace-Moselle um Schirmeck, den Us Militärkirfecht zu St Avold (greissten US Militärkirfecht an Europa, hei leien 10.487 jonk Zaldoten, d'Nécropole um Blutberg zu Sigolsheim wou 1589 franseisch Zaldoten hir lescht Rouh fonnt hun, de Mont Sainte Odile, Obernai, Gueberschwihr, den Écomusée zu Ungersheim, de Grand Ballon d'Alsace a Gerardmer.

Besonnesch ergreifend wor d'Visite vum KZ Struthof wou am 2te Weltkrich eng 52.000 Gefangener aus 31 Natiounen gequält a gepisakt goufen, dorënner 416 Lëtzebuerger. Wei barbarisch et hei zougong konnt ons Guide eis ausféierlich erzielen. D'Mortaliteit vun iwwer 40% hannerleet wei schrecklich dest KZ wor. Text: Edy Graf .