Suzanne Urbany- Schmit zum 85. Gebuertsdag gratuléiert


Ospern: Gutt gelaunt a mat berechtegtem Stolz konnt d'Suzanne Urbany- Schmit viru kuerzem hire 85. Gebuertsdag Doheem zu Ospern feieren. Suzanne Schmit huet den 5. September 1941 am Marscherwald- Gemeng Konsdref- als dat eelst vun zwee Kanner vum Jean- Baptiste Schmit a Marie Demuth vu Bäerdref, d''Liicht vun der Welt erblëckt. Béid hun e Bauerebetrib am Marscherwald bewirtschaft. Den 22. Mee 1968 huet de Jos Urbany , Bauer vu Mëlleref sech mam Suzanne Schmit, bestuet. Zwee Meedercher an dräi Enkelkanner gehéieren haut zur Famill Urbany- Schmit. Leider ass hire léiwe Mann Jos den 19. November 2019 verstuerwen. Niewt dem Bauerbetrib war de Gaart an Bitzen dem Suzanne seng Lieblingsbeschäftigung. Fir de Buergermeeschter Heng Gerekens mat senge Leit aus dem Réidener Gemengerot, war et eng besonnesch Éier fir dem Suzanne Urbany - Schmit zum 85. Gebuertsdag mat enger gut gefëllter Corbeille di allerbescht Gléckwënsch vun der Gemeng Réiden ze iwwerbrénge mam Wonsch op weider gesond an zefridde Joeren an hirem schéinen Appartement zu Ospern können ze verbrëngen. Duerno ass zesumme mat der Famill d'Glas erhuewe gin an mat engem Happy Birthday op den 85. Gebuertsdag, geprost gin. (CR ) (Foto: Charles Reiser)