Happy Birthday fir 23 Jubilaren am HPPA- Réiden/Atert


Réiden/Atert: Zu Réiden /Atert am Altersheem war et erëm esou wäit, wou den 17. September nit manner wi 23 Geburtsdagskanner vun de Méint Juli an August géiert gi sin. Fir den Home- Direkter Dany Oestreicher mat sengem Team an der Schwester Benedikta war et nees eng besonnesch Éier fir alle Jubilaren di allerbëscht Gléckwënsch am Numm vum ganzen Haus iwwerbréngen ze dierfen. Besonnesch frou waren die Geéiert iwert de klenge Kado oder enger schéiner Rous fir deijenig mat engem ronne Gebuertsdag, den si vun de symphatische Grupp "R" iwerrecht kruten. Fir di musikalisch Stëmmung am Sall huet den Entertainer Rol Gieres bei deser schéiner Feier och bëschtens gesuergt. Natierlech huet dat gutt Stéck vum grousse Gebuertsdagskuch dat den Direkter och perséinlech opgeschnidden huet a vum Personal mat Léiwt zerwéiert ginn ass, och net gefeelt. Duerno huet jiddereen sech zesumme mat der Famill un den Dësch gesaat an sech de gudden Teller mat Grillspezialitéiten och gudd schmaache geloos. D'Jubilare vum Mount Juli: Wagner - Patron Laure (85 Joer), Reuter- Rouling Nelly (80), Frank Guy (73), Peller- Knaus Céline (91), Bildgen- Kohl Louise (98), Wandrey- Rech Marie Regine (87), Derneden Victor (95), Lang Jos (84), Braun Pierre (81) a Schaus- Reisen Andrée (89). Mount August: Pletschette- Thomas Elvire (82), Haas- Bockler Jeanny (79), Schiltz- Schwartz Marie- Louise (81), Mathieu Jos (82), Jacoby- Thill Léonore (83), Bintener- Leytem Jeanne (87), Mathieu- Schaus Marie- Josée (77), Wohl Julie (95), Hebeler- Fincoeur Liliane (90), Hoffmann- Clesen Margot (87), Elsen- Degros Georgette (87), Schreiber - Trierweiler Fonsi (86) a Sr. Aurelia Mores (91). (CR ) ( Foto: Charles Reiser)