Konveniat vum Joergang 1947

D'Meedercher an d’Jongen vun 1947, déi 1952 an déi éischt Spillschoulsklass zu Rolléng, gehal vun der Joffer Anny Gengler, gaange sinn, waren zesummekomm, fir hir 70 Joer ze feieren. No engem gudde Mëttegiessen zu Orval stung eng Visite vun der Abtei um Programm. Virum Patt, dee vun der Gemengeverwaltung offréiert gouf, war, zesumme mam Buergermeeschter Pierre Mellina, eng Visite vun der renovéierter Primärschoul vu Rolléng. Bei deene Säll an deer Arichtung ware verschiddener der Meenung, si missten haut eréischt an d’Schoul goen. Déi meescht wossten awer och nach, wou sénger Zäit den Telefon hung, a wou méindes mueres d’Léierpersonal, zesumme mam Portier an dem Paschtouer, de Sport vum Sonndeg kommentéiert hunn. Den Ofschloss vun dësem schéinen Dag war op de Rollénger Weieren. Foto: Jean Weiler / Text: Pierre Fourné