Rousenaktioun fir d’Ukrain

Rolleng/Lamadelaine. Memberen vum fréiere Parrot an den Oeuvres Paroissiales, ënnert der Initiativ vun der Madame Georgette Schickes, hunn um Sonndeg 27. Mäerz 2022 hir "Rousenaktioun" - Blummen, déi si aus Pabeier gebastelt haten - an der Kierch ugebueden als Hëllef fir d'Flüchtlingen aus der Ukrain. Den Erléis vu 600 € geet un d'Flüchtlingshëllef vun der Caritas.