Konveniat vum Joergang 1947

D'Meedercher an d’Jongen vun 1947, déi 1952 zu Rolléng an d'Spillschoul gaange sinn, waren zesummekomm, fir hir 75 Joer ze feieren. No engem gudde Mëttegiessen op der Gare zu Schuller ass et an de Keelencenter op Péiteng gaang. Et sinn zwar net vill Keele gefall, duerfir ass awer ëmsou méi "geried" ginn. Den Ofschloss vun dësem schéinen Dag war op de Rollenger Weieren.