Galaconcert Happy Hour ,,Let's play'' : a fusion of music, games and film

01
Dez
2018
01 Dez

D'Rollengergrënnesch Musek invitéiert op hire Galaconcert, dëst Joer ënnert dem Motto ,,Let's play'': A fusion of music, games and film, samschdes, den 1. Dezember 2018 um 20 Auer an der Sportshal Rollengergronn. De Concert steet ënnert der Direktioun vum Ivan Boumans, duerch de Programm féieren de Guy Engels an d'Joséphine Fourmeau. Den Entrée ass fräi. Mir bidden Iech eng gratis Busnavette un um Parking vum Karate Club Stroossen (rue de Reckenthal), virum Concert vun 18.30 Auer un a nom Concert bis 00.15 Auer. Mir freeën eis op Iech!