Generalversammlung vun der Harmonie Rollengergronn

D’Generalversammlung vun der Rollengergrënnescher Musek iwwert d’Joer 2023 gouf och dëst Joer ugefaang mat deem, wat hirem President, dem Jos Neuser, an dem Comité ëmmer besonnesch um Häerz läit: engem grousse Merci un all Bedeelegt, déi mat hirem Asaz ëmmer rëm op en Neits dozou bäidroen, dass d’Musek an alle Beräicher gutt opgestallt ass.


D’Musek zielt de Moment 56 Musikanten a Musikantinnen um Pult a gëtt gefouert vun engem Comité vun 11 Memberen. De Comité huet a senger Zesummesetzung dëst Joer net geännert a besteet aus follgende Memberen:  Jos Neuser (Präsident), Erny Greiveldinger und Sonja Thill (1. an 2. Vizepräsident/in), Jeroen Van Kooy (Keessier), Sekretariat : Joëlle Neuser, Daniela Martins Coelho a Patricia Martins Coelho souwéi Dounya El-Harrar, John Einsweiler, Jempy Procacci a Jean Scholtes, Fähnerech.


E besonnesche Merci geet och dëst Joer erëm un de Pascal Lucas, zoustänneg fir d’Homepage an un de Georges Meyers fir d’Archivéiere vun de Noutebestänn.


Fir déi meescht Präsenz bei 48 Prouwebesich an 10 Sortië goufen ervirgehuewen: Guy Engels, Sonja Thill, David Lameira, Anne Engels, Marc Kaysen a Jérôme Chabod.


D’Cotisatioun bleift onverännert bei 15 Euro.


Geéiert duerch Medaillen a Kaddoen goufe follgend Memberen: 

UGDA: Durand Benjamin (5 J.), Gillham Catriona (5 J.), Tavernier Gabin (5 J.), Cames Marianne (10 J.), Chabod Felix (10 J.), Lameira David (10 J.), Tavernier Rose (10 J.), Ulmer Margaux (10 J.), Winandy Jasmine (10 J.), Corbin Thomas (20 J.), Lammar Laura (20 J.), Fettes René (60 J.) a Schiltz Fernand (70 J.).

USMVL: Lucas Pascal (25 J.) a Schiltz Fernand (45 J.)

HMR: Lucas Pascal (25 J.) a Fettes René (60 J.)


Genee wéi den Organisatiounscomité vum Anniversaire mat engem positive finanzielle Resultat konnt ofschléissen, sou konnt och d’Musek d’Joer 2023 ob déi selwecht Aart a Weis ofschléissen,  an dëst trotz enger Rei gréisserer Investitiounen. De Präsident Jos Neuser ënnersträicht, dass dëst nëmme méiglech ass, well ganz vill Leit, souwuel Memberen wéi och Frënn, ëmmer erëm eng Hand mat ugepak hu bei deene sëlleche musikaleschen an awer och net-musikaleschen Aktivitéiten, déi ganz wichteg sinn, fir d’Keess gesond ze halen. Dobäi spillt och d’Amicale vun der Musek eng ganz grouss Roll: op eis Frënn vun der Amicale an hire Präsident, de Jempy Procacci, kënne mer eis ëmmer verloossen an hir tatkräfteg a finanziell Hëllef ass eis ëmmer sécher. Dofir kann een net dacks genuch Merci soen!

Dëst erlaabt et der Musek dëst Joer dann och erëm, eng Concerts-Rees kënnen ze maachen. Pandemiebedéngt an duerch d’Organisatioun vum 75. Anniversaire fënnt dës 2 Joer méi spéit statt wéi geplangt, mee dofir ass d’Virfreed och emsou méi grouss! D’Musek wäert dëst Joer am Fréijoer 3 flotter Deeg zu Den Haag verbréngen an och do e Concert dierfe presentéieren. 


Et wor deemno e ganzt aktiivt Joer 2023, um musikalesche Plang an och um net-musikalesche Plang, an deem et fir de Veräin och eng grouss Neierung gouf: den Ivan Boumans huet no bal 12 Joer am Rollengergronn den Taktstaf weidergereecht un de Uilson Castro. De Galaconcert am Dezember 2023 war deen éischte Concert, deen d’Musek ënnert der Baguette vun hirem neie Chef gespillt huet. Dofir sief och hei nach eng Kéier ënnerstrach: Merci Ivan – Wëllkomm Uilson! 


Den nächste Concert, op deen d’Rollengergrënnesch Musek invitéiert, ass de Fréijoersconcert den 23. Mäerz 2024. Den 1. Deel wäert wéi gewinnt vun der Harmonie Rollengergronn presentéiert ginn an den 2. Deel dëst Joer vun der Harmonie Habscht ënnert der Leedung vum Gérard Frisch.