Galaconcert «Happy 75» am Rollengergronn

Ufank Dezember huet d'Harmonie Rollengergronn wéi all Joer op hire Galaconcert an der Sportshal am Rollengergronn invitéiert. Dëst Joer war de Motto awer net, wéi gewinnt, «Happy Hour» , mee «Happy 75». Op dësem Owend gouf nämlech den Ofschloss vum Anniversairesjoer gefeiert an dëst direkt mat dräi Solisten : d'Carole Mallinger-Leyers mat e puer flotte Gesangsduerbiddungen, de Marc Meyers op der Trombonn mat «Carmen Fantasy» an aus den eegene Reien d'Anne Engels op der Flütt mat «Fantaisie Pastorale Hongroise» hunn hirt Kënnen androcksvoll ënner Beweis gestallt an de Publikum begeeschtert. Och eng nei Kompositioun vum Georges Sadeler «Sounds of Jubilee», déi eegens fir den Anniversaire geschriwwe gouf, gouf op dësem Owend nach eng Kéier presentéiert, nodeems si déi éischte Kéier fir den Optaktconcert am Cercle gespillt gi war.

Den Dirigent Ivan Boumans hat en ofwiesslungsräiche Programm zesummegestallt: sou goufen nieft deene selleche Solo-Stécker nach «Stephenson's Rocket», «Firefly» a «Funk Attack» presentéiert, wéi och «A Tribute to Amy Winehouse», dëst Stéck ënnert der Leedung vum Sous-Chef Guy Engels.

E flott Anniversairesjoer ass domat op en Enn gaang. Eng Journée des Anciens an e Week-end musical mat de Frënn aus der Ouljer Musek, der Schierener Musek an der Grënnescher Musek ware sécher zwee Highlights dovun. A besonnesch ervirzehiewen ass och d'Photosausstellung mat Bléck op déi lescht 25 Joer: si huet ënnerstrach, wéi d'Harmonie Rollengergronn sech bannent just engem Véierelsjoerhonnert verännert an entwéckelt huet, fir sech am Kär dach trei ze bleiwen als e Veräin vu begeeschterte Museksfrënn, an deem Gesellegkeet a Solidaritéit ëmmer grouss geschriwwe goufen a ginn.

Säit ganz ville Joren ëmmer un hirer Säit ass och d'Amicale vun der Rollengergrënnescher Musek. Si huet der Musek duerch hiren onermiddlechen Asaz bei der Geleeënheet vun dësem Concert erëm e schéine Kaddo konnten iwwerreechen: eng fonkelnei Batterie. Scho fir den Optaktconcert vum Anniversaire hunn de Präsident Jempy Procacci a säi Comité der Musek en aussergewéinleche Kaddo a Form vun engem ganz generéise Scheck vun 10 000 Euro konnten iwwerreechen. Dofir seet d'Musek hirer Amicale e ganz grousse Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung!