Wanterconcert vun der Harmonie Rollengergronn

De 4. Dezember war et endlech souwäit : a méi engem klenge Kader wéi gewinnt, awer top motivéiert hunn d’Musikanten aus dem Rollengergronn hiren éischte Concert op grousser Bühn zanter zwee Joer gespillt. D’Dekoratioun hannert der Bühn huet symboliséiert, op wat d’Musek besonnesch houfreg ass : net manner wéi 14 Nationalitéite sinn an der Musek vertrueden a sou ass et zur Normalitéit ginn, dass an de Prouwen tëscht op d’Mannst zwou, awer och dacks nach méi Sproochen hin- an hir jongléiert gëtt, eng Erausfuerderung, déi de sproochentalentéierten Dirigent Ivan Boumans awer immens gären unhëlt.

Bei der Geleeënheet vun dësem Concert goufen och 8 nei Musikante virgestallt, déi am Laf vun deene leschten zwee Joer op d’Pult komm sinn. An da sinn och scho bal 10 Joer vergaang, zanter dass den Dirigent Ivan Boumans den Dirigentebengel vum Roland Schiltz iwwerholl huet an sou gouf och dëst e bëssche gefeiert. Genau 10 Joer wäerten et am Mäerz 2022 sinn an dëst wäert dann och e besonnesche Moment sinn :  de 19. Mäerz 2022 spillt d’Musek den Optaktconcert zum 75. Anniversaire vun der Rollengergrënnescher Musek am Cercle Cité. Weider Aktivitéiten am Kader vum Anniversaire sinn d’Journée des Anciens an d’Photoausstellung de 15. Mee. De 9. an den 10. Juli invitéiert d’Musek op e Rallye an e Weekend Musical. Mir géifen eis immens freeën, ganz vill ,,al’’ an nei Gesiichter a ganz vill Frënn vun eiser Musek op dësen Aktivitéiten ze gesinn an erëmzegesinn.