80. Gebuertsdag vun der Mme Meulders vu Rued-Sir

D'Madame Meulders Mariette ass den 22. Januar 1937 zu Ans an der Belge gebuer . Hir Eltere waren den Här Meulders Auguste an d'Madame Thomas Francoise.
Der Madame Meulders hire Mann, den Här Mottet Emile, dee gebierteg vun Aywaille an der Belge ass, huet si den 21. Abrëll 1956 zu Ans bestuet.
Iert d’Koppel den 1. Dezember 1993 an d’Gemeng Betzder wunne komm ass, waren si duerch de Beruff schonn a ville Länner: e.a. an Italien an an Däitschland.
D’Madame an den Här Mottet hunn 2 Bouwen, de Philippe an den Thierry, a 4 Enkelkanner, de Julien, de Loïc, d’Laura an d’Alexandra.
Den Här Buergermeeschter Edgard Arendt an d’Schäffin Fernande Klares-Goergen waren der Jubliarin fir hiren 80. Gebuertsdag gratuléieren.