Gemeng Betzder: 85. Gebuertsdag vun der Mme Elvira DA PIEDADE VENTURA

De Buergermeeschter Edgard Arendt an de Schäffen Patrick Lamhène waren der Madame Da Piedade Ventura fir hire 85. Gebuertsdag wënschen. Si hunn hir d’Gléckwënsch vun der ganzer Gemeng an e schéint Blummenarrangement iwwerbruecht.
D’Jubilarin ass den 29. Dezember 1931 zu Lousa/Moita a Portugal gebuer. Hir Eltere waren den Här Joaquim Da Piedade Ventura an d’Mme Maria Da Piedade Ventura.
D’Elvira ass den 1. Februar 1958 mam Här Joaquim Fernando bestuet ginn. Leider ass den Här Fernando den 17. Februar 2007 verstuerwen.
D’Seniorin huet 2 Jongen a ee Meedchen, d’Maria Ventura Joaquim, bei deem si och wunnt. D’Maria huet och eng Duechter, d’ Sandrine.