Aarteräich Wisen a Weeden erhalen zu Sëll

D'Mataarbechter aus dem wëssenschaftleche Service vum Naturschutzsyndikat SICONA sinn elo an den aarten- a kräiderräiche Wisen a Weeden ënnerwee fir d’Planzen an d’Aartevillfalt ze notéieren. Mat enger standardiséierter Method kann d‘Entwécklung iwwert d’Zäit dokumentéiert ginn. D’Gemeng kritt fir de Monitoring Punkten am Naturpakt ugerechent.


Et geet dorëm aarteräicht Gréngland als wichteg Ökosystemer ze erhalen, fir de Mënsch an d’Insekten. Déi kräiderräich Wisen a Weede sinn op eng extensiv Notzung – ouni Dünger a Pestiziden – ugewisen. An och dofir gëtt et dat Richtegt: Bewirtschafter kennen z. B. e Biodiversitéitsvertrag ofschléissen. Den SICONA ass Uspriechpartner a senge Gemengen a beréit d’Bauere gären dobäi!


Dank dem Engagement vun de Gemengen, de Besëtzer an virun allem de Bewirtschafter, der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère kënne mir zesummen aarteräicht Gréngland an d’Biodiversitéit erhalen.