Grouss Fréijoers- Botz an der Gemeng Sëll


Sëll: „ Hëlleft ons eis schéi Gemeng propper halen ! Esou stong op der Aluedung vun der Gemeng Sëll an der Amicale vun de Sëller Pompjeeën, fir un der Aktioun grouss Botz 2022 matzemaachen. Virum Start huet de Buergermeeschter Jang Konsbruck jidderengem Merci gesoot fir hiren Interressi an hirt Matmaachen am Dingst vun der Natur an der Ëmwelt. Nodeems dat de Laurent Gengler di verschidden Equipen, ausgestatt mat Händschen, Zangen a Warnwesten, duerch di ganz Gemeng op de Wee gescheckt huet, koumen se géint Mëtteg nees all am Festsaal zesummen fir als Merci sech e gudd gefëllten Teller Spaghetti mat dem Taartebuffet och gut schmaachen ze loossen. (CR) ( Foto: Charles Reiser)