Dëst Joer gouf fir d'éischt zu Sandweiler e Chrëschtmaart organiséiert. An ech muss soen et war e vollen Erfolleg. Ganz vill Matbierger sinn der Invitatioun vum Collège Echevinal nokomm. Déi Lokal Veräiner hunn Glühwäin , Ingwerthéi, Choky, Gegrilltes, waarm Käschten, Ënnenzopp, Panescher, Eisekuchen, Wëldpaté, Chrëschtdekoratioun, Marzipan a Chrëschtgebäck asw. mat léift preparéiert a verkaf. Et war eng super Ambiance an mir freeën eis schonn op déi nächst Oplag.