D'Kannermetten déi Samschdes den 24. Dezember ëm 17 Auer zu Sandweiler ofgehalen gouf war ganz gutt besicht.
D'Kanner aus der Gemeng haten mat den Katechetinnen e liewescht Krëppespill während villen Prouwen astudéiert. Dat ass ganz gutt bei all de Leit ukomm. Et war eng wonnerschéin Mass wou een d 'Ambiance vum mateneen gespuert huet. D'Scouten hunn d'Friddenliicht weiderginn an dobaussen e Glühwäin ouni Alkohol fir d'Kanner an Aneren fir d'Elteren proposéiert.