Bamplanzung fir di Neigebuere vum Joer 2018

Schieren, Planze vun engem Bam fir di Neigebuere vum Joer 2018

Op Initiativ vun der lokaler Ëmweltkommissioun an der Sektioun vum Gaart an Heem, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an eisem Fierschter, gouf samschdes de 13. Abrëll am Butzepark an der Gewan e Bam geplanzt fir di 25 Kanner déi am Joer 2018 an der Gemeng Schieren d’Liicht vun der Welt erbléckst hunn. Just 8 vun den invitéierte Familljen waren der Invitatioun nokomm, zwou Familljen haten sech entschëllegt. Uwiesend ware Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, der Kulturkommissioun a Memberen vun den organiséirende Kommissiounen.

Bei der Planzung vun engem Nëssert vun der Zort „Juglans redgia“ hu souwuel d’Mammen wéi d’Pappe kräftig mat ugepaakt. Duerno huet de President vum Gaart an Heem an d’Buvette vun der Sportshal op eng Rezeptioun agelueden.

Zur Sécherheet vun de Puppelcher kruten d’Elteren vum Pompjeeskommandant ee Rauchmelder iwwerreecht. Bei engem Patt mat Schnittercher Taart a Kuch gong dës sympathisch Feier an engem gediegene Kader op en Enn.

Camille Pletschette via mywort.lu Foto: Carlo Thill