Schieren

Schieren, Heckeplanzaktioun mam Cycle 4 vun der Schierener Schoul. Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam hat d'Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mam Fierschter mat senge Leit, dem Service technique vun der Gemeng an zwee vun eise Landschaftsgärtner freides den 8. November eng Heckeplanzaktioun organiséiert. Geplanzt goufen laanscht dee nei amenagéierte Wee «d' Baach aus » iwwer 600 eenheemeg Heckeplanzen. Camille Pletschette via mywort.lu Foto : Carlo Thill