Grouss Botz an der Gemeng Schieren

Schieren d‘Ëmweltkommissioun hat an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, den Duerfveräiner de lokale Kommissiounen a Privatleit samschdes den 18. Mäerz op di traditionnel Grouss Botz agelueden. Um 9h30 haten sech eng 75 Ëmweltbewosster dorënner 25 Kanner virum Alen Atelier afonnt. No enger Tas Kaffi mat enger Mëtsch kruten di eenzel Gruppen hir Streck zougewisen. No der tradtioneller Gruppefoto goufen die eenzel Gruppen equipéiert mat Tuten a Sécherheetsjilli vun de Pompjeesfrënn op hiren Ausgaangspunkt gefouert, fir laanscht d’Stroossen, Feld- a Spadséierweeër ze zéien an alles dat an ze sammelen wat Ëmweltverschmotzer sou einfach alles an d’Natur geheien. D‘Pompjeesfrënn déi wéi ëmmer gutt vertruede waren hunn och fir den Aftransport vum gesammelten Dreck gesuergt, an et war rëm vill zesummegeraaft ginn.

Zum Afschloss huet d’Gemeng an d‘Tennisclubhaus bei den Décken op en deftige Chili Concarne an ee Stéck Taart agelueden.

Camille Pletschette via mywort.lu