Scheckiwwerreechung

Scheckiwwerreechung un d’ASBL Liewen Dobaussen.

Obléisung vum FC Amicale Sportive vum Centre Hospitalier Neuropsychiatrique.

Gegrënnt am Oktober 1971, huet de FC Amicale Sportive zënter 40 Joer regelméisseg am Championnat vun der Betribsfuttball Federatioun deelgeholl. Säit dem Championnat 2007 – 2008 konnt d’Amicale Sportive keng Ekipp méi zum Championnat umelden aus Mangel u Spiller. Een Ausflug vu 4 Deeg op München hat de Veréin nach 2019 vir seng Memberen organiséiert. Lo kierzlech hunn di verbleiwend Responsabel vun der Amicale decidéiert de Veräin opzeléisen an hiert Reschtverméigen der d’ASBL Liewen Dobaussen zoukommen ze loossen.

Camille.Pletschette mywort.lu