Albert Wingert Schoul goes Praz sur Arly - 2. Dag - Samsden

Moies fréi, sou géint 6h30, hu verschiddener gemengt et misst een opstoen a méi haart schwätzen! Mee no engem klenge Rappel à l’odre goufen d’Aan rem bessen zougemeet.. ☺
Nom Kaffi gouf de Grupp an zwee gedeelt: déi eng sinn mam Bus erofgefuer fir d’Skimaterial sichen ze goen, déi aner hunn hei am Chalet mam Schnéi gespillt. Dono sinn si och rof an d’Geschäft hiert Material siche gaangen an deen anere Grupp koum an de Schnéi spillen.
D’Opreegung gouf ëmmer méi grouss, wëll mëttes war et dunn endlech sou weit: MIR GI SKI FUEREN, wat fir di meeschte Kanner eng Première war. D’Wieder war mega: bloen Himmel a Sonn! Agecrèmt, de Casque um Kapp, d’Händchen an déi déck schwéier Skischung un, gung et mam Bus erof bei d’Pist. Nodeems dann all Kand seng Ski a net dem Noper seng ënnert de Féiss hat, konnt et lassgoen. Ajo, de Skipass huet nach missen an der Täsch verstaut ginn. D’franséich Skilehrer hunn d’Kanner opgedeelt a lass gung et... Gott sei Dank hat net jidfereen zwee lénker Schung un... ☺
Mat engem grousse Laachen a ville neien Andréck sinn d’Kanner méi spéit dunn an de Bus geklommen. Déi eng ware schons richteg dätsch, anerer nach top fit ma alleguer konnten se net ophalen, eis vun hiren Aventuren an all deem wat se op de Ski erlierwt hunn ze verzielen.
No enger klenger Stärkung am Chalet goung et dunn an déi wuelverdingten Dusch. D’Freed war rem grouss, wéi bekannt gouf, dass et owes Spaghetti mat rouder Sauce géif ginn.
Nodeems dann d’Zänn gudd geschrubbt goufen, huet den Owesprogramm mat de franséiche Moniteuren ugefaang, wou richteg eng lass war. Et gouf gelaacht, gedanzt, gemolt a vill applaudéiert.
D’Middechkeet war op eemol sou grouss, dass d’Geschness am Bett ganz séier vum selwen riwer war!