Albert Wingert Schoul goes Praz sur Arly - 3. Dag - Sonnden

DEN INTERNET HEI MECHT EIS GECKECH!!!!

De Moien hunn eis Kanner nach fest geschlof, wéi mer se erwäsche gaange sinn. Nom Kaffi an enger gudder Nutellasschmier war d’Energie rem do a fir 9h00 stunge mir all prêts bei de Skilehrer.
Kuerz firun 11h00 goung den Handy.. D’Valentina war gefall a well mer kee Risiko wollten agoen, hu mer et mat de Securisten an esou engem „Ofschleefschlitt“ erof bruecht, wou d’Ambulanz schons ënnen op eis gewaart huet. Ouni Sirène mee engem ganz tapfere Valentina si mer dunn bei den Dokter gefuer. Mir waren total erliichtert, wéi heen, nodeems de Fouss geröngt war, eis gesot huet, dass NÄISCHT gebrach wier. No engem Besuch an der Apdikt, dierf d’Valentina lo fir zwee Deeg mat Krätsche goen, da gesi mer weider...
Zu Mëtteg hu mer awer all zesummen op der Pist giess, d’Kanner si mat de Ski dohinner komm, d’Valentina a seng Joffer goufe mam Auto ropbruecht. D’Freed war immens grouss, wi d’Kanner d’Vale gesinn hunn an se hunn him spontan geklappt.
Mëttlerweil sinn d’Kanner rëm Skifueren an d’Valentina schount säi Fouss am Chalet an hëlleft der Joffer d’Artiklen ze schreiwen fir op mywort. Ma leider (sonnden, 15h09) geet de Site nach ëmmer net! ☹
Nom Skifueren sinn eng Hand voll Kanner zimlech op d’Plaz gesat ginn, well si vergiess haten, dass de Skilehrer eng Respektspersoun ass.
Den Owend huet et ugefaang mat schneien...