Albert Wingert Schoul goes Praz sur Arly - 4. Dag - Méinden

Mëttlerweil wëssen d’Kanner schons wéi et geet an et leeft, bis op puer eenzel Ausnahmen, richteg ronn hei. D’Erwäschen, sech an de Skidress geheien, zesummen roueg Kaffi drénken, sech acrèmen a seng Händchen net vergiessen, d’Skischung undoen.. alles dat get vun Dag zu Dag besser..
Pünktlech um 9h00 konnt de Bus mat der ganzer Hickecht rof fueren, wou d’Skischoul um 9h30 ugefaang huet.
D’Valentina a seng Joffer si mëttlerweil beim Uno-spillen sou geübt, dass se sech bei deene neechsten Uno-Meeschterschaften umellen.. ;)
Well et iwer d’Nuecht sou enorm geschneit huet, gesäit d’Landschaft haut wéi gezockert aus! Herrlech schéin! D’Sonn huet nach bessi Krämpes fir sech an deem décken Niwel duerch ze setzen, mee e get ëmmer méi blo..
Fir Mëtteg goufen d’Valentina a seng Joffer ofgeholl an rop an de Restaurant op d’Pist bei de Rescht gefouert, wou mer dann all zesummen giess hunn.
De Schnéi ass genial fir Ski ze fueren! D'Valentina an d'Joffer hunn d'Häerz besse schwéier, wéi gär wieren si zwee dach och uewen mat de Ski um Bierg.. Mee wigesot, heiënnen get sech weider dem Uno gewidmet. Am Ganzen goufe schons 78 Partien zënter geschter Mëtten gespillt.
Mëttlerweil schéngt d'Sonn iwer Bierg an Dall! Et ass e Genoss! Déi frësch Loft, d'Sonn a natierlech d'Ski fueren mëcht midd. Mir sinn iwerzeecht, dass et den Owend ganz séier roueg ass.
Muer fuere mer mam Bus op Chamonix an et get kee Ski gefuer. Dat ass eng agréabel Paus fir verschidde Kanner, déi hir Musklen an de Been spieren. Mir hoffen, dass mer den Trajet ouni grouss Incident'en (iwerginn) iwerstinn. Mee mir wësse wéi et geet, e Freiden gouf am Bus gudd geübt.. ;)

Dat war et vu Praz fir haut, mir soen Äddi a bis muer den Owend..