Albert Wingert Schoul goes Praz sur Arly - 6. Dag - Mëttwoch

Fir unzefänke schécke mer dem Valentina ganz léif Bonjouren op Schëffleng! Hat gouf de Moien ofgeholl a kuréiert säi Fouss resp. och seng Féiwer, déi lo nach derbäi koum, hoffentlech ganz séier!

D’Valentina huet sech ni beschwéiert an hat trotz sengem Wéi a firunallem der enormer Enttäuschung ëmmer e Laachen am Gesiicht, obwuel dat et heiansdo vill Kraaft kascht huet! Mir sinn immens stolz op hat! Verschiddener vun eise Kanner kéinten sech vun dovunner eng Partie ofschneiden..

Mir hunn eng zweet krank Dauf, neemlech d’Liz! Mee nodeems mer mat him beim Dokter waren, si mer iwerzeecht, dass mer d’Liz mat senge Medikamenter, vill Schlof, gudder a léiwer Verpflegung rëm opgepäppelt kréien. ☺ Et ass immens ze gesinn, wéi sech seng Frendinnen bei him am Zëmmer em hat bekëmmren a sech och näischt méi wënschen, wéi d’Liz rëm fitt ze gesinn. Den Owend war d'Liz schons rëm Dill an huet mat eis giess. HURRA! :)

Haut gouf rëm vill Ski gefuer. Déi meescht Kanner maache gudd a vill Effort’en a gi natierlech all Dag méi houfrech, eis vun hiren Aventuren op de Ski ze verzielen.

Muer steet dann eise leschte Skidag um Programm. Dono heescht et da nach „Remise des médailles“ vun a mat de Skischoulmoniteuren, déi bei eis an de Chalet kommen.
Wann dann d’Valisse gepak sinn an d’Kanner geduscht, kann Disco ugoen..