Albert Wingert Schoul goes Praz sur Arly - 7. Dag - Donneschden - nei Fotoën

Mir hunn haut ganz vill Fotoë gemeet! Mee eis Connexioun ass net stabil! D'Kanner leien dätsch am Bett.. Si hunn sech sou enorm an der Disco ameséiert :)
Mir Grousser fänken och un ze kränkelen, de Schnapp an d'Féiwer iwerhuele grad d'Iwerhand!
D'Fotoë setze mer doheem online vun haut!
Muer gi keng Fotoë gemeet, d'Kanner a mir Grousser wäerte secher am Bus schlofen.. ;-)
Mir mellen eis, wa mer eng Stonn firu Lëtzebuerg sinn..
Bis ganz geschwënn!
Mir soen eisen Accompagnateuren dem Christian, dem Ivan an dem Claude en décke Merci!

Leider huet et d'Equipe zimlech erwëscht: d'Jofferen an d'Accompagnateuren si krank.. Dohir kommen d'Fotoën vun en Donneschden nom Weekend online.. Trotz Féiwer, Gripp a Middechkeet waren d'Jofferen de Moien um 8h30 awer an der Formation Continue an der Schoul.. Ma lo gët sech erholl, fir dass mer all e Méinden rem fitt sinn! Nuecht ;-)