Animateur A Formatioun fir Jonker vu 16 bis 30 Joer

Animateur A Formatioun fir Jonker vu 16 bis 30 Joer

D’Gemeng Schëffleng huet och 2025, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, dës Formatioun ugebueden. Domat kann een als Animateur·rice un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participant·inn·e begleeden.


D’Formatioun, déi vum Service national de la jeunesse zertifiéiert gëtt, huet zu Schëffleng an an der Ëmgéigend stattfonnt. Dëst Joer hunn 11 Jonker erfollegräich un der Formatioun deelgeholl. Wärend 2 Weekender an dem Teamdag hunn si Follgendes geléiert:

E Grupp vu Kanner a Jugendlechen altersgerecht encadréierenRisike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Sécherheet suergenMat Konflikter am Grupp ëmgoeHir Roll als Animateur kennen an als Virbild agéierenEegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffenHandlungsméiglechkeeten a konkrete SituatiouneDéi aner Animateuren·ricen, mat deenen se schaffe wäerte, kennegeléiert a mat hinnen am Team geschafftVertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn

Dës Theorie hunn si wärend 2 Deeg mini Stage am Jugendhaus an der Praxis verdéift.