Bicherwoch 2025

Thema – Fridden an der ganzer Welt


De Schäfferot an Zesummenaarbecht mam Schoulservice an de Responsabelen aus de Schoulbibliothéiken huet all Schüler·inne mat hiren Eltere vum 24. bis den 28. November 2025 op déi traditionell Bicherwoch an der Schëfflenger Gemeng invitéiert.


Wärend dëser Woch haten d’Visiteuren d’Méiglechkeet Bicher ze entdecken an ze kafen, déi flott an altersgerecht waren.


Mir soe jidderengem Merci deen dobäi war a freeën eis schonn op déi nächst Editioun.