De 7. Oktober 2026 ass beim Stade Jean Jacoby de Fairtrade Wall Badge offiziell un d’Gemeng Schëffleng iwwerreecht ginn. Mat dëser Auszeechnung éiert d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg Gemengen, déi sech op eng besonnesch a nohalteg Aart a Weis fir de fairen Handel asetzen an domat iwwer déi üblech Krittäre vun enger Fairtrade-Gemeng erausginn.
No de Begréissungswierder vum Valérie Murat als Responsabel bei Fairtrade Lëtzebuerg fir Gemengen, hunn de Paul Weimerskirch, President vum Fairtrade Team Schëffleng, an de Buergermeeschter Carlo Feiereisen d’Wuert ergraff. An hire Rieden hunn si op d’Bedeitung vum fairen Handel, d’Roll vun der Sensibiliséierung an den Engagement vun de ville Benevollen higewisen, déi sech zënter Jore fir dës Cause zu Schëffleng asetzen.
D’Auszeechnung gëtt fir d’Fairtrade Wall verginn, déi de 15. September 2022 ageweit gouf. D’Konschtwierk vum Kënschtler Jo Malano ass am Kader vum Kulturjoer Esch2022 an dem 30. Anniversaire vu Fairtrade Lëtzebuerg entstanen. D’Mauer stellt Produzentinnen a Produzente vum fairen Handel aus Afrika, Asien, Latäinamerika an der Karibik an de Mëttelpunkt a soll de Passanten d’Thema Fairtrade op eng visuell an zougänglech Aart méi no bréngen.
Grad dës Verbindung tëscht Konscht a Sensibiliséierung mécht de Projet esou besonnesch. D’Fairtrade Wall ass net nëmmen e Konschtwierk am ëffentleche Raum, mee och eng dauerhaft Erënnerung un d’Wäerter vum fairem Handel. Si mécht e gesellschaftlecht Theema siichtbar a weist, datt och eng Gemeng op lokalem Niveau e Bäitrag zu méi Gerechtegkeet a méi nohaltegem Konsum leeschte kann.
D’Remise vum Badge steet gläichzäiteg fir den Engagement, deen d’Gemeng Schëffleng an d’Fairtrade Team Schëffleng zënter ville Jore weisen.
Zesumme mam Fairtrade Team ginn zënter Joren Aktioune ronderëm d’Sensibiliséierung, d’Promotioun vu faire Produiten an d’Informatioun vun de Biergerinnen a Bierger organiséiert. Dorënner fale beispillsweis de faire Früstück, Informatiounsstänn op Manifestatiounen, Ausstellungen, Filmowender an Aktivitéite mat de Schoulen.
De Fairtrade Wall Badge ass domat net nëmmen eng Unerkennung fir eng eenzel Mauer, mee fir e laangjäregen Asaz vun enger ganzer Gemeng an hire ville Benevollen. Fairtrade zu Schëffleng ass net nëmmen e Label, mee e liewegt Engagement, dat duerch konkret Projeten an Initiativen am Alldag siichtbar gemaach gëtt.