Dag vum Bam en présence de S.A.R. le Grand-Duc Guillaume

D’Gemeng Schëffleng huet de 14. November all Schëfflenger op den Dag vum Bam am Naturschutzgebitt „Am Brill“ invitéiert, an dëst an der Presenz vun eisem Staatschef, dem Groussherzog Guillaume.

Dës Bamplanzaktioun, déi am Kader vun de Festivitéite vun „150 Joer Schëffleng“ organiséiert gouf, huet den Engagement vun eiser Gemeng fir de Schutz vun der Natur, der Biodiversitéit an eisem natierleche Patrimoine ënnerstrach.


Am Laf vum Besuch krut de Groussherzog verschidde Facettë vum Naturschutz an der lokaler Geschicht presentéiert. Um Programm stoungen ënner anerem eng Visitt vum Kraidergaart mat enger Téi-Degustatioun, déi vun de Schëfflenger Scoute preparéiert a zerwéiert gouf, eng Presentatioun iwwer de Vulleschutz an d’Beréngung vu Villercher souwéi eng Demonstratioun vum Goss vun engem Bam aus Zénk duerch d’Schëfflenger Schmelzaarbechter an de FerroForum, als Symbol vun eisem industrielle Patrimoine.


Den Héichpunkt vun der Manifestatioun war déi symbolesch Planzung vun enger Esp (Zitterpappel) duerch de Groussherzog zesumme mat Vertrieder vun der Gemeng, de Ministeren an zwou Generatiounen aus der Schëfflenger Bevëlkerung.


Och eng Zäitkapsel gouf symbolesch gefëllt, fir dëse besonnesche Moment an der Geschicht vun eiser Gemeng fir zukünfteg Generatiounen ze dokumentéieren.


Dësen Dag huet d’Verbonnenheet tëscht dem groussherzoglechen Haus, eiser Gemeng an der Schëfflenger Bevëlkerung am gemeinsamen Engagement fir d’Natur an d’Erhale vun eisem Patrimoine zum Ausdrock bruecht.


D’Gemeng Schëffleng seet dem Groussherzog Guillaume an dem groussherzoglechen Haff en häerzleche Merci fir dës besonnesch Visitt. Et war eis eng grouss Éier, de Groussherzog bei eis zu Schëffleng begréissen ze dierfen an dëse symbolträchtege Moment am Kader vun eisem 150. Anniversaire mat him ze deelen. E grousse Merci geet och un all déi Bedeelegt, déi zum Gelénge vun dësem onvergiessleche Moie bäigedroen hunn.


©Marion Dessard