Ouverture vun der neier Moartesaison

Wéi all Joer ass déi nei Moartesaison op der Fräiheetsplaz am Oktober lancéiert ginn. Och dës Kéier war de Lëtzebuerger Maarteverband vum Schäfferot op déi offiziell Ouverture invitéiert, genau esou wéi de d’Fairtrade Team Schëffleng an d’Haus vum Vëlo.


An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Carlo Feiereisen betount, datt d’Schëfflenger Gemeng frou ass, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen.


No der Erëffnung gouf et fir jiddereen e Fairtrade Kaffi a Croissant.