Den 29. September, huet eisen éischte Workshop zur Neigestaltung vun der Place Grande‑Duchesse Charlotte stattfonnt.
D’Bierger·inne waren agelueden hir Meenung ze deelen: Wat feelt op der Plaz, wat soll erhale bleiwen a wéi eng Elementer si sech fir d’Zukunft wënschen. D’Participant·inn·en hunn a 4 Gruppen zesumme geschafft, encadréiert vun Drees & Sommer. Hei si vill interessant Proposen erauskomm, déi als Basis fir den 2. Workshop déngen, wou mir zesumme mat de Bierger·innen nach méi déif an d’Prioritéiten an d’Méiglechkeete fir d’Neigestaltung agoe wäerten.
Mir soen all deenen e grousse Merci, déi sech d’Zäit geholl hunn deelzehuelen.
Den 2. Workshop fënnt de 27. Oktober um 18:30 Auer statt – Dir kënnt Iech hei ënnen op der Säit umellen.