Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 26. September stoung d’Lëtzebuerger Sprooch am Mëttelpunkt.


Am Teranga konnten d’Participant·inn·en d’Lëtzebuergescht op eng spilleresch Aart entdecken: mat Gesellschaftsspiller, Austausch an neie Wierder.


Um Street Food Festival goung d’Entdeckungsrees weider – dës Kéier an der Kichen. Mat enger Rezeptkaart op Lëtzebuergesch goufen zesumme lecker Kichelcher gebak.