Drëtten interkulturelle Kachatelier
um weitere Bilder zu sehen.
Bei eisem drëtten interkulturelle Kachatelier si Mënsche mat ënnerschiddleche Liewensweeër zesummekomm, fir zesummen ze kachen, sech auszetauschen an sech besser kennen ze léieren. Dobäi ass och dës Kéier kloer ginn, datt Interkulturalitéit och iwwer d’Iessen erlieft ka ginn.
D’Participant·innen hunn sech géigesäiteg op eng kulinaresch Rees matgeholl – vu Lëtzebuerg bis a Portugal. Déi preparéiert Platen hu kulturell Traditiounen, perséinlech Geschichten an Erënnerungen un d’Heemecht reflektéiert. Am Mëttelpunkt vum Atelier stoungen d’Begéinung, den Austausch an d’gemeinsam Erliewe vu ville verschiddene Goûten.
Dësen drëtten Atelier, organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Commission consultative du Vivre-Ensemble Interculturel an der Maison Teranga an ëmgesat. E grousse Merci geet un all déi Persounen, déi mat hirem Engagement a vill Passioun zum Erfolleg vun dëser Manifestatioun bäigedroen hunn.
De Kachatelier huet gewisen, wéi Diversitéit d’Mënschen zesummebréngt a wéi gemeinsaamt Iesse Verbindungen tëscht de Leit schaaft.