Kulturfest 2026
um weitere Bilder zu sehen.
D’Gemeng Schëffleng huet den 3. Oktober op en Neits d’Diversitéit an déi verschidde Kulturen zu Schëffleng op sengem traditionelle Kulturfest gefeiert.
Op engem sonnegen Dag hunn de Buergermeeschter Carlo Feiereisen an d’Madamm Anne Schneiders-Dostert, Presidentin vun der Kommissioun fir Interkulturellt Zesummeliewen, d’Feierlechkeeten offiziell an der Präsenz vun de Membere vum Gemengerot an der Kommissioun gestart.
D’Visiteuren·së konnten op der Fräiheetsplaz an am Schëfflenger Haff eng breet Gamm u Kulturen an Natiounen entdecken. Déi faarweg an artistesch Opféierungen hunn de Public begeeschtert an zum Danze bruecht. De ganzen Dag iwwer konnten si international kulinaresch Spezialitéite genéissen.
A senger Ried huet eise Buergermeeschter mat engem afrikanesche Spréchwuert un d’Bedeitung vum Zesummenhalt erënnert: „If you want to go fast, go alone. If you want to go far, go together.“ Op Lëtzebuergesch: Wann s du séier wëlls goen, da géi eleng. Wann s du wäit wëlls kommen, da gitt zesummen.
Genee dëse Gedanke spigelt sech och am Schëfflenger Kulturfest erëm: Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen a mat verschiddenen Hannergrënn kommen zesummen, tauschen sech aus a feieren dat, wat eis Gemeng esou villfälteg a lieweg mécht.
Mir wëllen och all Kënschtler·innen, lokal Associatiounen, Gemenge-Mataarbechter·innen a Visiteuren·sen häerzlech Merci soen. Dir hutt dozou bäigedroen, datt dëse Kulturfest e grousse Succès fir jidderee war.