Gléckwonsch un déi nei Babysitter·innen

De 5. a 6. November hunn zu Schëffleng op en neits Babysittercoursen stattfonnt. 29 Jonker am Alter vu 15 bis 29 Joer hunn un dëser Formatioun deelgeholl. An Zesummenaarbecht mat der Ekipp vu „Babysitting.lu“ vun Elisabeth Jeunesse ass d’Formatioun theoretesch a praktesch, op follgend Themen agaangen:

Rechter & Pflichte vum BabysitterKommunikatioun mat den Elteren / ErzéiungsberechtegtenKommunikatioun mat de Kannerklengt ABC vun de KannerkrankheetenEntwécklung vum KandPraxisbeispiller & Workshops

Um Schluss vun der Formatioun hunn déi Jonk hier wuelverdéngten Diplomer iwwerreecht kritt.

Dir sidd op der Sich no engem Babysitter? Da besicht de Site www.babysitting.lu. Dëse gëtt vun „Elisabeth Jeunesse“ an Zesummenaarbecht mat de lokale Partner, wéi och d’Gemeng Schëffleng, geréiert. Jonker, déi hier Formatioun ofgeschloss hunn, kennen iwwert dësen nationale Site hier Servicer ubidden.

Mir wënschen hinne vill Freed bei der Aarbecht mat de Kanner.