Cérémonie de la grève générale du 31 août 1942

Den 31. August 2026 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op de 84. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vum Aarbechtsminister Marc Spautz, vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Schëffleng an der Stad Esch, Vertrieder vun der Ligue luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.


Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht (Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Stad Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée, zesumme mat hirem President Alain Günther stattfonnt.


Dono ass et virum Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi viru 84 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Carlo Feiereisen dat ni soll vergiess gi wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Hien huet dobäi däitlech gemaach, wéi wichteg Demokratie a Mënscherechter fir eng friddlech a gerecht Gesellschaft sinn a datt een dës Wäerter nët als selbstverständlech soll ugesinn.


Nieft der Zeremonie, konnten d’Participanten och déi 2 Expoen entdecken déi vum Jérôme Courtoy, Member vum Gemengerot an Historiker, presentéiert goufen:

Looss viru blénken d’Fräiheetssonn, bis de 24. September am Park Léonie KoullenSpott dem Nazi-Regime, bis de 24. September an der Salle Grand-Duc Jean