Kleesche, Kleesche, léiwen Zinniklos…
10
Bildergalerie
Bitte scrollen Sie nach unten,
um weitere Bilder zu sehen.
um weitere Bilder zu sehen.
Den 30. November 2025 huet de Kleeschen sech mat sengen Engelcher an Houseker op de Wee bei d’Schëfflenger Kanner gemaach.
Voller Virfreed hu verschidde Kanner mat hiren Elteren a Grousselteren de Kleesche beim Cortège bis an den Hall Polyvalent begleet. Ënnert der Begleedung vun der Schëfflenger Musek ass dat bekannte Lidd „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“ voller Elan ugestëmmt ginn.
Éier de Kleeschen op sengem schéine grousse Stull Plaz geholl huet fir all Kand eenzel ze begréissen an him seng Titchen ze ginn, huet hien de Gemengeresponsabelen MERCI gesot, dass hien och dëst Joer nees konnt op Schëffleng kommen.
D’Fotoe vun der Visitt vum Kleesche fannt Dir an eiser Galerie.