Eise Commemoratiounstimber fir 150 Joer Schëffleng

Mir sinn houfreg Iech eise Commemoratiounstimber kënne virzestellen. Dësen ass a Kollaboratioun mat der Post am Kader vun de Feierlechkeete ronderëm 150 Joer Schëffleng, déi vu Juli 2026 bis Juli 2027 stattfanne wäerten, entstanen.

De flotten a kreativen Entworf, dee vun der jonker Schëfflenger Artistin Chiara Reuland (14 Joer) kreéiert gouf ass vun enger Jury aus Experten, aus ville verschidden anonymiséiert Kreatiounen, ausgesicht ginn. Esou ass e Wierk entstanen, dat d’Geschicht vu Schëffleng ervirhieft, gläichzäiteg awer mat enger liichter Linneféierung an enger lieweger Faarfpalette fir e modernen Touch suergt.


Fir all déi, déi sech dëst Stéck Geschicht wëlle sécheren: Den Timber kann een ab dem 10. Februar iwwerall bei der POST kafen.


150 Joer Schëffleng, eng Geschicht, déi mir zesumme geschriwwen hunn, an déi mir mat Freed an d’Zukunft droen.